FAQ - Hellef

Ech hun eng Fro zu engem Schong oder sin onsecher wéinst der Gréisst. Wéi kann ech Iech erreechen?

Bei Froen oder fir eng perséinlech Berodung (Z.B fir déi richteg Gréisst) kennt der eis iwwert Telefon kontaktéieren op den +352 621 491 556. Mir sin all Dag erreechbar vu Moies 10 bis Owes 19 Auer.

 

Wéi a wini gin d'Schong geliwwert? Wéi ass et mam Retour?

Mir liwweren d'Schong perséinlech bei Iech Heem an daat 2 bis 3 Deeg no äerer Bestellung. Mir waerten Iech uruffen soubaal alles prett ass fir d'Liwwerung!

Wann der net zefridde sidd oder d'Gréisst net déi richteg ass kennt der d'Schong natierlech emtauschen. Kontaktéiert eis heifier op den +352 621 491 556 fir daat mer den Retour kennen arrangéieren.

 

Hudd der nach aaner Schong wéi déi um Site?

Bei UptoDate hu mer eng grouss Selektioun vu Kanner- an Dammeschong déi nach net integral um Site drop sin. Wann der nach aaner Modeller wellt gesin oder Iech naicht sou richteg gefällt, zéckt net eis ze kontaktéieren fir dat mir Iech soen kennen wat soss nach alles am Stock ass.

Eis Schlappen a Sandalen waerten och geschwenn op de Site kommen. Dir kennt eis och schon haut kontaktéieren fir eischte Biller geschéckt ze kréien.